Publishing Details
Contact & Outreach
About This Podcast
Explore Statistics
Recent Episodes
RTL-Afterwork: mam Michel Malherbe, 08/06/2026
De Mierscher Buergermeeschter behaapt, dass hien e 'Péggi' ass, an seet dass dat munches erkläert. Seng Hënn heeschen Sheila an ass schonn op Kéi geridden
RTL-Afterwork: mam Charel Margue, 01/06/2026
De fréiere Chef-Meenungsfuerscher vun der ILRES an Deputéierten vun déi Gréng iwwer säin Papp a säin Grousspapp, eng Ruge an der Chamber an e Fussballmatch
RTL-Afterwork: mam Laurent Mosar, 18/05/2026
Den Deputéierten a fréiere Chamberpresident iwwer Piano, Schlager, en ze enke Paltong, de Klitschko an der Sauna, säin Hond a säin Liewen als Influencer
RTL-Afterwork: mam Jeff Oberweis, 11/05/2026
De Patissier-Confiseur zielt, wéi hien Knippercher gestreet hat, seng Mamm de Maître Vogel mam Fausti verwiesselt hat an déi éischt Commande fir den Haff
RTL-Afterwork: mam Ali Kaes, 04/05/2026
Den Ex-député-maire aus der Gemeng Tandel ass duerch de Fussball an d'Gewerkschaft bekannt ginn, an huet d'Deputéiert mat Zoossiss an Eeër agedeckt
RTL-Afterwork: mam Carlo Cravat, 27/04/2026
De Chef vum legendären Hotel an der Stad, iwwer säin Papp, d'Léier an Asien, säin Rolls-Royce, Golf, d'Gëlle Fra a firwat hien un der 'aler Këscht' hänkt
RTL-Afterwork: mam Marc Graas, 20/04/2026
De Fils vum Gust Graas, Psychiater an Auteur vu Kriminalromaner iwwer d'Äschen vum Schwéierpapp, droleg Fäll, LSD an dass hien als Student schonn Papp gouf
RTL-Afterwork: mam Pol Urbany, 13/04/2026
Den Affekot huet ni eppes ubrenne gelooss. De Fils vum René Urbany beschreift seng aussergewéinlechst Fäll a verréit firwat hien net Profimuseker ginn ass
RTL-Afterwork: mam Marc Hobscheit, 23/03/2026
Den Immobilienhändler, Gastronom an Trendsetter aus dem Nuetsliewen iwwer d'Spatz Nenn, d'Problemer um Waldhaff a firwat hien nach net ënner der Hauf ass
RTL-Afterwork: mam Djuna Bernard, 16/03/2026
Déi gréng Deputéiert iwwer hire Virnumm, en Tripp mat der Mamm op Amsterdam, mat der Grande-Duchesse an der Kees vum Supermarché an hir Hallefschwëster
RTL-Afterwork: mam Sven Clement, 09/03/2026
Mam Deputéierten vun de Piraten geet et net nëmmen ëm Reesen, Suen an Affären mee och d'Jusoen, Autoen, d'Grënnung vun der Partei an Zauberei
RTL-Afterwork: mam Emile Eicher, 02/03/2026
Den Deputéierten an aktuelle President vum Syvicol iwwer seng éischt Schrëtt an der Politik, seng Nanny, d'Still am Cube an e Schnéihues deen seng Fra gouf
RTL-Afterwork: mam Christianne Wickler, 23/02/2026
d'Woman Business Manager of the Year' 2007 iwwer hir Tankstell, de Carwash, d'Cargolux, hiren kuerzen Ausflug an d'Chamber, d'Pandemie a Männer an Uniform
RTL-Afterwork: mam Michel Rodenbourg, 09/02/2026
De fréiere President vum Stater Geschäftsverband an Epicier aus der Louvignysgaass iwwer de Superjhemp, de Bommeleeër an eng memorabel Alkoholkontroll
RTL-Afterwork: mam Nicolas Schmit, 02/02/2026
De fréieren Aarbechtsminister an EU-Kommissär iwwer d'Ursula von der Leyen, säin Wonsch Acteur ze ginn a wéi e seng Fra op der A13 kennegeléiert huet
RTL-Afterwork: mam Erich François, 26/01/2026
Den Organisateur vum Nuetsmarathon iwwer seng Lëtzebuerger Bomi, Feieralarm, de Poker mam Sponsor a firwat dee leschte Leefer beim Marathon e Plakert ass
RTL-Afterwork: mam Carole Dieschbourg, 19/01/2026
Déi fréier gréng Ëmweltministesch iwwer hir WG, firwat si buerbes am Vatikan ënnerwee war, hir Hochzäit bal verpasst hat an e Gaardenhaischen
RTL-Afterwork: mam David Wagner, 12/01/2026
Den Deputéierte vun 'Déi Lénk' iwwer d'Massendénger, firwat hien bal am Prisong souz, dem Gisi seng Witzer an d'Vakanz a Portugal wou hien bal erdronk war
RTL-Afterwork: mam Guy Schons, 05/01/2026
De bekannte Museker vun 'Dullemajik' iwwer en Optrëtt als Kand mam Anne Brasseur, seng Bekanntschaft mam Jimi Hendrix a seng Liebesabenteuer zu Rio
RTL-Afterwork: mam Nico Haas, 15/12/2025
De Generalist a Radiodokter iwwer Séiigelen, roude Wäin, droleg Patienten, Dr Google a firwat hien iwwerhaapt Dokter ginn ass
Frequently Asked Questions
RTL - Afterwork has published 100 episodes since November 2023, covering topics in Comedy.
RTL - Afterwork is currently highly active with new episodes weekly. Average episode length is 50m.
Sign up on Grep.FM to access contact details for RTL - Afterwork, including email and social media links.